Wat mir proposéieren a firwat

(Shortcut: Firwat en offizielle Status fir Englesch)

(Shortcut: Firwat zwou Petitiounen)

Wat proposéiere mir?

D’Gesetz vum 24. Februar 1984 definéiert (ënner anerem) datt Franséisch, Däitsch a Lëtzebuergesch administrativ a judicaire Sproochen zu Lëtzebuerg sinn (Artikel 3), an datt all administrativ Froen, wann se an enger vun dësen dräi Sproochen adresséiert gi sinn, och an der selwechter Sprooch beäntwert musse ginn (Artikel 4).

Eiser Meenung no wier et verfréit einfach Englesch als generell administrativ a judicaire Sprooch am Sënn vun dësen Artikele bäizefügen.

Mir fannen datt et Beräicher misst ginn an deenen Englesch ewéi eng administrativ Sprooch fonctionnéiere soll, an awer anerer wou dat net de Fall soll sinn.

D’Gesetz kéint déi Beräicher fixéieren. Si sollten ausgewielt ginn andeems ee Käschten an Notzen ofweit. Ënner den Notze soll een den Alldag vun den engleschsproochegen Awunner berécksiichtegen.

D’Petitioun 1417 freet also e spezifesche formelle Status am Gesetz iwwer d’Sproochen deen awer net identesch as zum Status vu Lëtzebuergesch, Franséisch oder Däitsch.

Si freet net no Ännerungen an anere Gesetzer, wéi z.B. dem Gesetz dat den Accès zur lëtzebuerger Nationalitéit reegelt.

Natiirlech huet si och net als Ziel eppes drun ze änneren dass Lëtzebuergesch als Nationalsprooch, a Franséisch als legislativ Sprooch festgehale sinn.

Wat wëlle mir net?

Mir wëllen absolut net Sproochegemeinschaften géinteneen ausspillen. Lëtzebuerg hat keng reell Sproochekonflikter säit dem zweete Weltkrich. Dest ass am staarke Kontrast zu Regiounen ewéi der Belsch, Korsika oder Katalonien zum Beispill.

Déi ganz fréi Alphabetisatioun a méi ewéi enger Sprooch ass en immens erfollegräiche Modell.

Lëtzebuerg ass eng Plaz wou d’Leit méi ewéi eng Sprooch schwätzen. E formelle Status fir Englesch wäert dat net ännere mee confirméieren.

Lëtzebuergesch ass net a Gefor als Sprooch verluer ze goen. Ëmmer méi Leit schwätzen a léieren et. Lëtzebuergesch transforméiert sech a beräichert sech. Déi proposéiert Reform géif dat net änneren, am Géigendeel, si wäer gutt fir den Equiliber vun de Sproochen am Grand-Duché. (cf Argument #2 méi déif).

Firwat en offizielle Status fir Englesch

Et gëtt eng Rei wichteg Argumenter déi fir en offizielle Status fir Englesch schwätzen.

  • Evolutiounen an der Gesellschaft

Englesch ass amgaang déi meeschtbenotzten Zweetsprooch ze ginn. Et ass d’Lingua franca vun der internationaler Communautéit zu Lëtzebuerg. Englesch ass wäit verbreet am Finanzsecteur, an den EU Institutiounen, op der Uni mee och an der Konschtzeen a Musekzeen.

Dëst ass deelweis e Resultat vun den aktiven Efforte vun der Regierung, international Entreprisen an Aarbechtskraaft unzezéihen.

Mee engleschsproocheg Awunner stinn awer ëfters gréissere sproochlechen Erausfuerderungen géigeniwwer, well vill Alldags-Situatiounen mindestens Franséisch velaangen.

  • E Paradox 

Wann engleschsproocheg Persoune Lëtzebuergesch léieren, dann investéieren se Zäit doran eis Gesellschaft a Kultur ze verstoen, mee si léisen awer net hiere Sproocheproblem zu Lëtzebuerg: am Alldagsliewen an och an administrative Froen ass oft Franséisch néideg.

Dat ass kafkaesk.

D’Fro déi ee sech stelle soll: Wat genau géife mir eis dann erwaarde vun engleschsproochege Matbierger?

Wa si Lëtzebuergesch léieren dann hu si ëmmer nach Problemer wa si Franséisch brauchen, mee wa si awer Franséisch léiere verpasse si d’Geleeënheet eis Sprooch kennen ze léieren.

D’Situation wäer besser wann Englesch e formelle Status hätt sou datt d’Leit sech op eng vun eise Sprooche kënne konzentréieren.

Wa si sech integréiere wëlle kënne si sech dann op d’Nationalsprooch konzentréieren. Besonnesch wa si z.B. d’Lëtzebuergesch Nationalitéit wëllen.

  • D’Sproochesituatioun an den EU Institutiounen

Lëtzebuerg ass eent vun deene pro-Europäeschste Länner an der EU. Eis Stad ass eng vun de véier offiziellen Haaptstiedt vun der EU an de Sëtz vu wichtegen EU Institutiounen.

Englesch gëtt ëmmer méi benotzt an den Institutiounen, aus pragmatesche Grënn, trotz dem Brexit.

An der Zukunft wäert eng gutt funktionéierend EU ëmmer méi eng gemeinsam Zweetsprooch verlaangen. Realistescherweis wäert dëst awer Englesch sinn.

Virwaat net e bëssen antizipéieren?

  • Developpement vum net-finanzielle Sektor

Lëtzebuerg huet Ambitiounen am Wëssenssecteur (Uni Lëtzebuerg), an den Telekommunikatiounen (Satellitten, Kommunikatiouns-Infrastruktur asw.), am IT-Secteur (Google, Amazon asw.), a Finanztechnologien, esouguer am Weltraum…

Dee jëtzege Sproochekader ass net onbedengt adaptéiert fir dës ze realiséieren.

Héich-qualifizéiert Profiller hu léiwer e kloert Verständnis dovu wéi eng Sprooch een erwaart datt si schwätze wann si an en anert Land wunne ginn.

Mir brauchen awer nun emol eng héich-qualifizéiert Aarbechtskraaft an Entrepreneuren fir d’Diversifikatioun vun eisen ekonomesche Standbeen z’assuréiere.

  • Finanzsecteur

De Finanzsecteur ass bei wäitem dee wichtegsten am Land, a representéiert 35% vum PIB. E weit a Réalitéit nach méi wann ee berécksiichtegt datt aner Secteure vun deem Secteur ofhänken.

Dës Ofhängegkeet as och e grousse Risiko fir d’Land. De Staat ass immens ofhängeg vun deene Steierakommes. 

An deem Kader wäer e staarkt neit Argument fir Lëtzebuerg wëllkomm.

  • Englesch ass liicht ze léiere fir Lëtzebuerger

Well Englesch germanesch, franséisch an laténgesch Elementer enthält ass et aussergewéinlech liicht ze léiere fir Lëtzebuerger.

Lëtzebuergesch ass an engem änleche Fall wéi Englesch, a mier léiere jo Däitsch a Franséisch ganz fréi (a verschidde Schüler esouguer Latäin).

Déi meescht jonk Lëtzebuerger schwätze ganz gutt Englesch. D’Käschte wieren also relativ limitéiert.

Fir eis ass et d’Geleeënheet den Notze vun eiser fréier Alphabetisatioun an e puer Sproochen ze demonstréieren. Natiirlech géif awer op kee Fall eng Obligatioun entstoen Englesch ze schwätzen.

De PISA-test ass net adaptéiert fir d’Performance vun eisem Edukatiounssystem ze jugéieren. D’Méisproochegkeet ass eis Stäerkt, déi mir entfale mussen.

  • Geschicht

Et ass e Fakt dass englesch-sproocheg Länner e kruzialen historeschen Impakt op Lëtzebuerg haten. Wärend dem zweete Weltkrich war eis Onofhängegkeet letztendlech protegéiert an erhale ginn duerch Interventiounen vun den Englänner an Amerikaner um Kontinent.

Dëst ass net onbedengt en Argument fir eng spezifesch Sproochepolitik, mee et ass awer och keent dogéint.

Firwat zwou Petitiounen?

Duerch en immensen Zoufall goufen zwou Petitiounen mat engem änleche Sujet an der selwechter Registratiounsperiod déposéiert Enn Oktober.

D’Petitioun 1417 wor de 16. Oktober op de Site geluede ginn. 

Am Géigensaz zu der Petitioun 1414 ass eist Ziel net direkt eng generell véiert administrativ a judicaire Sprooch geméiss den Artikelen 3 a 4 vum Sproochegesetz bäizefügen.

Dëst wier eiser Meenung no iwwerstierzt.

Zréck